Déifferdenger Theater
Info Reservatiounen

Info Reservatiounen

Reservatiounen méigeleg ab dem 27. Oktober 2025

Reservatiounen nëmmen nach iwwert dëse Site www.tmd.lu

Reservatiounen si nëmmen nach iwwert dëse Site www.tmd.lu méiglech. Iwwer Telefon huele mir keng Reservatioune méi entgéint. Mir hunn nach ni Reservatiounen iwwer Email, Facebook oder Instagram ugeholl, an dat ännert och net.

Wéi soll ech also virgoe wann ech eppes un enger gemaachener Reservatioun ännere wëll ?

Maacht eis eng Mail op deifferdengertheater@gmail.com , gitt eis Identifikatiounsnummer duerch déi mir sollenannuléieren. Mir ginn déi Platzen erëm fräi, iwwerweisen d‘Suen awer nëmmen zeréck am Fall wou déi Platzen erëm nei verkaaft ginn.

Maacht eis eng Mail op deifferdengertheater@gmail.com , gitt eis Identifikatiounsnummer an d‘Nummer vun de Platzen duerch déi mir sollen annuléieren. Mir ginn déi Platzen erëm fräi, iwwerweisen d‘Suen awer nëmmen zeréck am Fall wou déi Platzen erëm nei verkaaft ginn.

Maacht eng weider Reservatioun iwwer de Site www.tmd.lu fir déi nei Platzen ze reservéieren, an dono eng Mail op deifferdengertheater@gmail.com , gitt eis Identifikatiounsnummer vun där aler Reservatioun duerch déi mir sollen annuléieren. Mir ginn déi Platzen erëm fräi,iwwerweisen d‘Suen awer nëmmen zeréck am Fall wou déi Platzen erëm nei verkaaft ginn.

Sollt et net klappen, einfach an der Oweskees Bescheed soen, a mir bezuelen Iech d‘Differenz zeréck