Eist neit Stéck „Neurotesch Zäiten“

Eist neit Stéck „Neurotesch Zäiten“

Neurotesch Zäiten

Photo: Claude Piscitelli

Wéi empfänkt een Besuch am Geckenhaus, ouni dass de Besuch mierkt dass en an engem Geckenhaus ass? Eng Fro op déi d‘Agnes, Duechter vun enger bekannter lëtzebuerger Famill, séier eng Äntwert muss fannen. Seng Mamm huet sech spontan fir e Besuch ugemellt a steet an 10 Minutten virun der Dier vum Agnes senger Villa. Op jidder Fall mengt seng Mamm, d‘Agnes géif an enger Villa wunnen. A Wierklechkeet ass et een Haus am Park vun der Psychiatrie, dat hatt sech mat weidere Patienten an enger Wunngemeinschaft deelt.

Dem zwangsneuroteschen Henri, dem homophoben Viviane, dem wansinnegem Marianne, an dem manesch-depressiven Désirée bleift elo näischt anescht iwwereg ewéi ganz normal Leit ze spillen déi beim Agnes schaffen. Onnéideg ze soen dass déi Schlappen an Huese verléieren, an de Schoss no hanne lass geet.

Wéi dunn nach weideren ongebiedene Besuch opkräizt, hëlt d‘Katastroph säi Laf an dem Agnes seng Schäiwelt geet d‘Baach eran.

Fir e lëschtegen Owend suergen op der Bün:
Nathalie Felten, Guy Geimer, Marcel Heintz, Vera Gaddé, Anna Conversa, Karin Goffinet, Particia Breuer, Rachel Leus, Jules Orlando a Claude Leus

Regie: Romain Pierrot,

Regieassistenten: Romain Graul a Jules Orlando

Bünebild an Text: Anne Schadeck

Bünebau, Luucht an Toun wéi ëmmer an der Hand vun eiser technescher Equipe

Kostümer: Sylvie Weis

Opféierungen am Dezember 2023 den 9. 10. 16. a 17. an am Januar 2024 den 12. 13. 14. 19. 20. 21. ëmmer um 20.00 Auer ausser Sonndes ëmmer um 18.00 Auer