Geschicht

Geschicht

Den Déifferdanger Theater , Théâtre Municipal de la Ville de Differdange , huet ewell eng baal honnert Joer aal Geschicht.

Ugeffaangen huet et 1909 wéi sech d’Union des Jeunes Gens zu Déifferdang zusummen fond huet  fier Theateropféierungen ze spillen.

1935 gëtt een zweeten Ensembel gegrënnt, et sinn daat d’THEATERFRËNN.

De Grupp Theaterfrënn huet en enormen Succès schons 1947 mat Frailiichttheater, a gëtt  eng  A.s.b.l. .

1949 nennt sech d’ Union des Jeunes Gens UNION AMICALE ET THEATRALE

D’50er an d’60er Joren brengen den Fernseh a Danzlokaler bei d’Leit. An der Déifferdanger

Theaterszeen kënnt et zu engem Abroch. Et gëtt keen Theater méi gespillt.

Endlech 1973 setzen sech e puer Begeeschteter zusummen, an et kann erem e Steck opgefouert ginn . D’Akteuren hu Blut geleckt, a sie spillen a Caféen weider. Et kann e also soen

„bei Null erem ugefaangen“

Do emmer a klengem Krees gespillt gëtt, drängt sech 1976 eng Fusioun teschent der Union Amicale Théâtrale a den Theaterfrënn op. Et entsteet esou

d’Union Amicale Theaterfrënn Déifferdeng. (UAT)

Mam Bau vum Centre Nopeney zu Uewerkur kritt d’Uewerkuerer Musek e neien Prouwsall, an esou kann d’Union Amicale Theaterfrënn deen aale Prouwsall als Theatersall emfonktionéieren. Nach haut féieren mär ons Stecker an dësem Sall op.

Lues a lues kommen emmer méi Spektateuren, an d’UAT feiert e Succès no dem aaneren mat sengen Stecker a gehéiert geschwenn zu engem vun de beschten Ensemblen am Land

2003 iwwereecht d’ Déifferdenger Gemeng der UAT den Mérite Culturel de la Ville de Differdange an  den Titel Théâtre Municipal de la Ville de Differdange.

Zanter der Fusioun sinn iwwert 60 Stecker gespillt ginn, an den Théâtre Municipal de la Ville de Differdange freet sech all Saison bis zu 3500 Spektateuren därfen ze begréissen.

Mier hoffen dass Där ons weiderhin trei bleifft, an mat ons nach vill schéin Stonne verbrengen wärt.

De Willy Millowitsch huet eng Kéier gesoot:

Bringt den Leuten was Lustiges ! Trauriges haben sie genug.

Daat soll och an Zukunft onsen Motto sinn, an Där wësst jo :

Wéén hei nët laacht………..ass selver schold !