Den Tunn Knepper huet de Ruff ee gudde Chrëscht, ee virbildleche Familljepapp an ee korrekte Bankdirekter ze sinn. Eng idyllesch Welt wou alles seng Uerdnung huet wéi et schéngt.
Awer et ass net alles Gold wat blénkt! Hannert de Kulissen ass den Ierbessenzieler Tunn ee Querulant deen esou mat sech an senger Welt zefridden ass… bis elo!
Een Häerzinfarkt geheit en dann aus der Bunn a schéckt hien an d‘Pensioun. Déi nei Versioun vum Familljenalldag stellt seng Fra a Kanner virun nei Erausfuerderungen. A net nëmmen deenen, och den Noperen, déi grad mam Lumpi op den Hond komm sinn, geet et e Strapp ze séier. Vun engem Moment op den aneren bréckelt d‘Fassade vum idyllesche Familljeliewen an ….. eieieiei ….. kuckt am Beschte selwer!
Dës Satir op d’Gesellschaft entwéckelt sech vum harmoneschen Zesummeliewen zum Klengkrich mat der Famill an de Noperen an iwwerrascht mat engem onerwaarte Schluss.
Dat Ganzt gewierzt mat enger gudder Portioun schwaarzen Humor a Sarkasmus, getrei no eisem Motto:
Wien hei net laacht ass selwer schold!