Reservatioun Schratt fir Schratt
Um Site www.tmd.lu op „Online Reservatiounen“ klicken

Erof scrollen bis dir d‘Virstellung déi dir wëllt kucke kommen ugewise gëtt an op „BUCHEN“ klicken.
NET op d‘Bild klicken. Wann d‘Bild ugeklickt gëtt hu dir eng weider onnéideg Etapp.
Op „Buchen“ klicken. NET op d‘Bild klicken. Wann d‘Bild ugeklickt gëtt hu dir eng weider onnéideg Etapp.

Wann „BUCHEN“ am Bild vun der Virstellung net do steet ass d‘Virstellung ausverkaaft
Erof scrollen bis dir de Sëtzplang vum Sall gesitt

Gréng Sëtzer kann een reservéieren, schwaarz oder rout Sëtzer si scho besat.
Déi Sëtzer déi dir wëllt reservéieren uklicken déi ginn dann orange ugewisen

An de Felder ënner dem Sëtzplang ären Numm, Email an Telefonsnummer uginn
Op „Weiter“ klicken
Ab elo hutt dir 4 Minutten Zäit fir d‘Reservatioun ofzeschléissen. Dono sinn d‘Platzen erëm fräi ginn an dir musst nach emol probéieren.
Bemierkung: Ab elo hu dir 4 Minutten Zäit fir d‘Reservatioun ofzeschléissen. Dono sinn d‘Platzen erëm fräi ginn an dir musst nach emol probéieren.
Erof scrollen bis Folgendes uegwise gëtt an op „Reservieren“ klicken

Elo musst dir d‘Nummer , de Validitéitsdatum an de Secherheetscode vun ärer Kreditkaart aginn

Nodeems dir op „Submit“ geklickt hutt kontrolléiert är Bank de Payement a wann alles ok ass gëtt Folgendes ugewisen

Domadder ass är Reservatioun bestätegt. Uewen lénks am wäisse Feld fannt dir d‘Booking Nummer. (hei am Bild 4459) Dat ass d‘Referenznummer vun ärer Reservatioun.
An de nächste Minutten kritt dir eng Email geschéckt mat den Billjetën am Unhang. Fir Pabeier ze spueren an d‘Emwelt ze schounen braucht dir déi net ze printen. Et geet duer wann dir eis d‘Referenznummer vun ärer Reservatioun an der Entrée matdeelt.