Wéi e Fësch am Waasser

D’Stéck spillt am Café Beim Bäbb. D’Malou an de Claude hunn do eng Wunneng um 3. Stack. D’Malou as dem Bäbb seng bescht Frëndin a péckt deem am Bistro eng Hand mat un an dofir brauchen se da kee Loyer ze bezuelen. An hirem Stot ass de Wuerm dran, si hunn sech ausernee gelieft. De Claude probéiert nach ze rette wat ze retten ass, allerdéngs mat wéineg Erfolleg. Hatt huet sech arrangéiert. Net ganz onschëlleg dorun ass de Fred, ee wéinst diversen Iwwergrëffer suspendéierte Flic mat enger grousser Schnëss, deen sech e Spaass draus mécht, vermeintlech méi schwaach Individuen ze kujenéieren. Ëmmer u senger Säit de Georges, fir deen de Fred esou eng Aart Idol ass. Et brauch wuel net extra betount ze ginn, dass déi zwee beim Bäbb senger Stammklientel net gär gesi sinn. Scho guer net beim Claude, fir deen ass de Fred ee rout Duch.
Et spillen: Vera Gaddé, Pierre Lorang, Roland Flenghi, Claude Leus, Romain Graul, Jules Orlando, Rachel Flenghi, Patricia Breuer an Adriano Magnoni
Regie: Jean- Marc Calderoni
Assistenz: Romy Bei-Angeloni, Muriel Galeazzi a Chantal Mentz-Nether
Technik; Mike Kayser an Arnold Bosseler
Bünebild: Anne Schadeck
Bünebau: Technesch Equipe vum TMD
Dëst ass kee Klamauk!
Trotzdeem däerf häerzhaft gelaacht ginn.
Reservatiounen ab dem 16. Februar 2026 hei