Vu Männer a Mënschen
Reservatiounen ginn den 27. Oktober 2025 op

Photo: Claude Piscitelli
De Jak an de Charel kéinte méi ënnerschiddlech net sinn. Vun hire Frae virun d‘Dier gesat, verbréngen se hiert neit Jonggesellenliewen zesummen an enger Wunngemeinschaft a ginn sech géigesäiteg mat hire Gewunnechten op d‘Nerven.
Haut schéngt ee gudden Dag fir déi zwee ze sinn. Si kréie Besuch vun der neier Nopesch déi grad erageplënnert ass a sech mat hirer Kusin virstelle kënnt. Ausserdeem mellt sech dem Charel seng prominent Tatta vun New York fir d‘Owendiessen un. Dat trëfft sech gutt. Well déi zwou Fraen déi Tatta onbedéngt wëlle kenne léieren, sinn si averstanen och fir d‘Owendiessen ze bleiwen. De Jak an de Charel gesinn eng Chance op een neit Gléck an der Léift.
Awer et kënnt jo ëmmer aneschters ewéi geplangt. Eng Katastroph reit sech un déi aner an den Owend riskéiert an engem Desaster ze endegen.
„Vu Männer a Mënschen“versetzt de Klassiker „Charleys Tante“ an déi haiteg Zäit an hëlt op eng witzeg Manéier déi aktuell Gender – Debatten an d’Leide vum moderne Mann an d’Viséier.
Et spillen: Guy Geimer, Roland Flenghi, Fabienne Frost, Vera Gaddé, Heintz Marcel, Chantal Nether, Sally Thill a Karin Goffinet.
Regie: Romain Pierrot assistéiert vum Patricia Breuer a Claude Leus.
Bünebild: Schadeck Anne
Kostümer Sylvie Weis
Bünebau, Toun a Luucht an der Hand vun der technescher Equipe vum TMD
Wéi ëmmer ënnert dem Motto :
Wien hei net laacht ass selwer schold!
Première den 22. November 2025
Weider Virstellungen am November: 23. 28. 29. 30.
an am Dezember: 5. 6. 7. 12. 13.